OUNI gëtt méi grouss
Säit e puer Méint schafft OUNI un enger Vergréisserung vun senger Geschäftsaktivitéit. Et goufen verschidden Pisten am ganzen Land an schlussendlech hu mer eis fir eng zweet Epicerie zu Diddeleng entscheet. Dëse Choix hu mer aus verschiddene Grënn getraff: de Support vu Säite vun der Gemeng, Dynamik vun enger lokaler Communautéit, déi de Projet ënnerstëtzt an vill potentiell Clienten an Memberen am Süden vum Land.
Dës zweet Epicerie kann duerch eng Erhéijung vum Kapital realiséiert ginn. Dës Erhéijung gëtt duerch d’Kafen vun Part’en fir den Standuert Diddeleng erreecht. Duerch dës lokal gesammelt Fongen kann déi néi Epicerie zu Diddeleng opgoen an dréit och dem Wonsch vun de Léit no enger OUNI Epicerie am Minett Rechnung
Wann där dëse Projet ënnerstëtzen wëllt, dann kaaft eng oder méi Part’en! Ausserdeem sinn all är Talenter gefrot fir eng Hand mat unzepaken beim Ariichten vum Buttek an och spéider als aktiven Member.
OUNI bleift sech selwer trei an bléift och eng eenzeg Cooperative, mat zwee Verkafspunkten.
Op der Generalversammlung vum 19.Juni ass dëse Projet mat ganz vill Enthusiasmus validéiert ginn. OUNI huet sech op de Leescht geschriwwen de bio ouni Verpackungen un sou vill wéi méiglech Léit ze bréngen, déi wëllen ekologesch, responsabel bei sech akafen goen.
Deemnächst organiséieren mer och Informatiounsversammlungen fir är Froen iwwert #OUNIDudelange ze beäntwerten