OUNI ass eng Cooperative (“société coppérative”) baséiert op d’Lëtzbuergescht Gesetz vun 1915. OUNI ass de 6. Februar 2016 gegrënnt ginn.
Mir hunn 180,000€ fir de Buttek kënnen op ze maachen gebraucht.
Dat gesammelt Kapital gouf haaptsächlech gebraucht fir:
Fëll den Umeldeformulaire aus a schéck en zréck per Post (OUNI, 94, rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg) oder per E-Mail (hello@ouni.lu) an iwwerweis de Betrag vun denger(n) Part(en) op d’Kontosnummer:
Numm: Société coopérative OUNI, IBAN: LU82 0019 4755 3533 3000, BIC: BCEELULL. Du kriss dann däi Member-Certificat zou geschéckt
Am Fall wou d’Cooperative opgeléist muss ginn, gëtt de ganze Bestand verkaf an d’Membere gi rembourséiert soubal d’Finanzen et zouloossen. Natierlech besteet och d’Méiglechkeet dat d’Memberen d’Entscheedung an der Assemblée générale huelen d’Cooperative opzeléise wann dat als noutwenneg gesi gëtt. D’Membere ginn op kee Fall an d’Responsabilitéit gezu wéint schlechter Féierung vun der Cooperative.
Wann s de d’Cooperative verloosse wëlls, kriss de deng Part(en) zu hirer Valeur nominale rembourséiert, dat heescht wann s de 100€ investéiert hues, kriss de 100€ rembourséiert. D’Remboursement vu Parte fënnt nëmmen da statt, wann déi finanziell Mëttel et zouloossen.
Jo, et ass méiglech zu all Zäitpunkt Parten ze kafen. Et gëllt ze beuechten, dat s de ee Stëmmrecht hues, egal wéi vill Parten dat s de besetz.
Wann s de méi wéi eng Part besetz, kriss de e méi grousse Gewënnundeel ausbezuelt. Du gëss och e méi grousse Bäitrag fir et méiglech ze maachen dat de Buttek kann opgemaach ginn.
Du gëss Member wann s de eng oder méi Parten vun der Cooperative keefs. Eng Part kascht 100€. Fëll den Umeldeformulaire aus a schéck en zréck per Post (OUNI, 94, rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg) oder per E-Mail (hello@ouni.lu) an iwwerweis de Betrag vun denger(n) Part(en) op d’Kontosnummer: Numm: Société coopérative OUNI, IBAN: LU82 0019 4755 3533 3000, BIC: BCEELULL. Du kriss dann däi Member-Certificat zou geschéckt.
Wann s de Member gëss, ënnerstëtz de dëse kooperativen Projet a gëss matverantwortlëch. an Du hues och e Stëmmrecht an der Assemblée générale vun der Cooperative. Zudeem bass de Deel vun enger Communautéit.
All Member an aktive Member huet e Stëmmrecht an der Assemblée générale, kann an de Conseil d’Administration gewielt ginn, kritt e Gewënnundeel op säin Investissement a gëtt op speziell Evenementer fir d’Memberen invitéiert.
Aktiv Memberen engagéieren sech fir 2 Stonnen Benevolat pro Mount a kréien zousätzlech e “Starter Pack” (1 Glas Bokal, 5 Kottongssäck), si kënne fir den hallwe Präis un den Atelieren an Seminaire bei OUNI deelhuelen, hunn d’Méiglechkeet bei den Aarbechtsgruppe mat ze maachen a kréie 5% Remise op allen Artikelen am Buttek.
Jo, et ass méiglech vum “aktive Member” zum “Member” ze wiesselen oder ëmgedréit. De Conseil d’administration muss iwwert de Wonsch ze wiesselen informéiert ginn. Ënnerhalb vun zwee Méint gëtt de Changement virgeholl. Et gëllt ze beuechten, dat en “aktive Member” méi Virdeeler huet wéi e “Member”.
Jidderee ka Member ginn, awer wann eng Persoun ënner 18 Joer al ass, muss hiren Erzéiungsberechtegten an hirem Numm agéieren. OUNI erlaabt de Persounen ënner 18 Joer net am Buttek ze schaffen, dofir kann een ënner 18 Joer net aktive Member ginn.
Nee, d’Lëscht vun de Memberen ass ëffentlech.
Et gi vill Beräicher an deene s du täteg kann ginn. Mir imposéiere keng Aarbechten a versichen dat all aktive Member sengen Interessen a Fähegkeeten no agesat ka ginn. Op engem Online-Kalenner kann een sech aschreiwen (Typ vun Aarbecht, Datum, Auerzäit).
Fir eng gutt Organisatioun ze garantéieren, encouragéiere mir jidderee fir all véier Wochen déi selwecht Zäit ze schaffen. Dëst heescht dat s du dech zum Beispill all véierte Samschden vun 10:00 bis 12:00 aschreiws. Ausnahmen de 4 Woche Rhythmus ze ënnerbrieche kënnen a bestëmmte Fäll gemaach a ginn zesumme gekläert (z.B. ass et méiglech am Fall wou een an d’Vakanz geet an engem Mount 4 Stonnen ze schaffen an am nächsten 0 Stonnen. D’Stonne ginn addéiert, den Total solle 26 Stonnen am Joer sinn).
Déi meeschten Hëllef wäert gebraucht gi beim alldeegleche Geschäft. Hei sinn e puer Beispiller:
Mir versichen e System un ze bidden, bei deem sech jiddereen involvéiere kann. Studente kënnen zum Beispill hir Aarbechtsstonnen un engem Stéck während de Vakanze leeschten. Et ass en Total vu 26 Stonnen am Joer ze leeschten. Wëll mer generell wënschen dat d’Aarbechtsstonnen op enger regelméisseger Basis geleescht ginn, sollen dës Ausnahme mat der responsabeler Persoun fir déi aktiv Memberen am Virfeld gekläert ginn.
Aarbechtgruppen si Gruppe vun e puer Leit, déi sech regelméisseg treffe fir un diverse Schwéierpunkten an Themen ze schaffen. Hei si Beispiller vun Aarbechtsgruppen:
Mir bidden eng ganz Gamme u Liewensmëttel(Zerealien, Lënsen, drëchen Liewensmëttel, Ueleg an Esseg, Gedrénks, Uebst a Geméis, Kéis, Mëllech, Joghurt asw.) an Haushaltsartikelen un. D’Memberen an d’Clienten hunn och d’Méiglechkeet Produite virzeschloen a kënnen hir Suggestiounen an engem Buch hannerloossen. Dës Iddie ginn da vum Aarbechtsgropp “Produiten / Fournisseuren” mat berücksichtegt.
D’Gewährleeschtung vun der Hygiène vun de Produiten ass eng wichtegt Uleies fir OUNI. Et gëtt eng speziell Prozedur implementéiert, déi gutt hygienesch Konditioune sécheren. Déi aktiv Memberen an d’Personal am Buttek ënnerzéien sech enger Formatioun bevir de Buttek opgeet. Déi 1t Kontroll vun der Division de la Sécurité Alimentaire vum Gesondheetsministère huet d’Conformitéit vun den Hygiènesregelen bei OUNI bestätegt.
D’Fournisseure gi sorgfällteg a laut verschidde Kriterien ausgewielt:
D’Präisser wäerten ënnert dem Duerchschnëtt vun héichwäertege biologesche Produite leien. Dat kann awer net fir all Produit vun all Fournisseur garantéiert ginn. OUNI versicht déi bescht méiglech Léisung unzebidden.
Well OUNI eng non-profit Cooperative ass an déi aktiv Memberen aushëllefen, ass et OUNI am allgemenge méiglech d’Präisser méi niddereg ze halen. D’Produiten am Lassenen ze verkafen erméiglecht et och d’Präisser méi niddereg ze halen (well schätzungsweis 15% vum Verkafspräis fir d’Verpackungen agerechent gëtt).
De Buttik gëtt momentan vum Caroline Lam (Grënnungsmember) a vun 3 Vendeusen gehalen: d’Valérie, d’Delphine an d’Chloé. 4 Aarbechtsplazen sinn also geschaf ginn.
Jo, mir hunn en Aarbechtsgrupp deen zoustänneg ass fir de sozialen an den Ëmweltimpakt vum Buttek ze moossen: wéi vill Energie a Ressourcen si gespuert ginn duerch d’Konzept vun OUNI. Dobäi kënnt och, dat OUNI selwer och versicht esou wéineg Offall wéi méiglech ze produzéieren.