Transition Days Podcast: Vu festem Shampoo, Seef fir ofzefëllen an Tawaschi – Moien!
28. Abrëll 2021
Am Kader vun den Transition Days steet an dësem Mount d’Buedzëmmer am Fokus. Fir déi 7. Episod vum Podcast huet de Moderator Luc Spada mam Liz Paulus den ideale Gespréichspartner virun d’Kamera gezunn, fir iwwert Nohaltegkeet am Buedzëmmer, Virbildfunktiounen a Bewosstsinn fir d’Ëmwelt ze diskutéieren.