

Mir sinn den éischte verpakungsfräie Liewensmëttel Buttek zu Lëtzebuerg! OUNI ass awer net nëmmen d’lëtzebuergescht Wuert wat fir eis Philosophie steet. Op Englesch steet OUNI och als Ofkierzung fir „Organic Unpackaged Natural Ingredients”. Als ëmweltfrëndlech Alternativ zu konventionelle Supermarchéë bidd OUNI de Verbraucher d’Geleeënheet fir Liewensmëttel nohalteg ouni onnëtz Verpakungen anzekafen. Dat verhënnert Offall, well d’Clientë kennen hir eegen Dëppercher, Glieser an aner Behälter matbréngen an se mat lassene Liewensmëttel fëllen, genee esou vill wéi se brauchen an dëst gëtt dann op d’Gewiicht gerechent. Mëllech a Jughurte kritt der a Glieser ze kafen.
Memberen
Kapital (€)
Kapital (€)
Memberen besetzen eng oder méi Parten, hunn en Ofstëmmungsrecht an der Assemblée Générale a kënnen an de Conseil d'Administration gewielt ginn, hunn d'Méiglechkeet Gewënn op hirem Kapital ze kréien a ginn op speziell Evenementer invitéiert.
Aktiv Memberen hunn déi selwecht Rechter a Virdeeler wéi d'Memberen, engagéieren sech allerdéngs fir 2 Stonnen Benevolat pro Mount bei OUNI a kréien am Géigenzug zousätzlech Reductiounen an e ``Starter Pack``.