Dir kënnt OUNI ënnerstëtzen andeems Dir e Member vun der Cooperative gitt. Fir Member ze ginn, kënn Dir eng (oder méi) Part(en) kafen. Eng Part kascht 100€. Och wann eng Part duer geet fir Member ze ginn, encouragéieren mir Iech fir méi Parten ze kafen fir den Opbau vun der Cooperative an d’Ouverture vun engem zweete Buttek zu Diddeleng ze ënnerstëtzen. Merci fir Är Gedold – eist Zil ass et déi zweet Epicerie zu Diddeleng sou séier wéi méiglech op ze maachen!