KONZEPT

KEEN OFFALL

Iwwer 30% vum Offall ginn duerch Verpakunge verursaacht. OUNI bidd den Verbraucher d’Geleeënheet fir méi nohalteg an ëmweltfrëndlech anzekafen a manner ewech ze geheien, well ee selwer entscheede kann wéi vill ee keeft.

BIOLOGESCH PRODUITEN

Eise Buttek bidd e grousse Choix un biologeschen, lokalen an/oder Fair-trade Produiten ouni Verpakungen oder aus Pfandglas, an dat fir Liewensmëttel, Haushalts- an Hygienesproduiten.

GEMEINSCHAFT

Méi ewéi nëmmen e Buttek – OUNI ass och eng Gemeinschaft mat engem klénge Kaffiseck a regelméissege Workshopen oder Evenementer iwwer e.a. Ëmweltschutz, Nohaltegkeet a Recycling.

D’Zil vum Buttek ass et, alleguerten d’Grondliewensmëttel, déi fir den alldeegleche Gebrauch néideg sinn, unzebidden

Aktuell zielt eise Stock eng 700 Produiten, déi am Laf vun der Zäit op eng 1000 sollen erweidert ginn.

D’Wuere ginn am Lassenen oder an erëm verwäertbare Verpakunge wéi Pfandglieser verkaf, si si biologesch a lokal produzéiert, oder Fairtrade zertifiéiert wann se net lokal erhältlech sinn. Mir leeë Wäert dorop, d’Hierkunfstland an de Produzent, sou wéi och d’Ingredienten an d’Allergenen transparent duerzeleeën.

Eis Produktkategorien:

  • Uebst a Geméis
  • Brout a Gebäck
  • Mëllechproduiten
  • Drëche Produiten
  • Gewürzer
  • Gedrénks
  • Hygiènesartikel
  • Haushalts- a Botzmëttel

FIRWAT OUNI VERPAKUNG?

Eco-citoyen_LU

WÉI FUNKTIONÉIERT ET?

Drëche Produiten

Bréngt ären eegenen Behälter mat fir ze fëllen. Wann dir keen dobäi hutt, kënnt dir eng Fläsch oder e Bokal aus Glas fir erëm ze verwäerten bei eis kafen.

Niewent dem Comptoir steet eng Wo fir déi eidel Behälter ze weien. Dës Wo dréckt eng waasserfest Etiquette eraus, déi op den eidele Behälter gepecht gëtt. Dës Etiquette gëtt vun der Produktwo gelies a bleift e puer Méint um Behälter pechen wann dat gewënscht ass. Wëll d’Gewiicht vum eidele Behälter automatesch ofgehale gëtt vum Gewiicht vum Produit deen agefëllt gouf, kënnt dir all belibege Behälter vun doheem benotzen.

Etapes_LU

Gedrénks a flësseg Wueren

De Buttek ass ausgestatt mat engem System speziell fir erëm verwäertbar Fläschen: dem System “Jean Bouteille”, un dem ee Wäin, Olivenueleg an Esseg zape kann. D’Fläschen déi erëm zréck bruecht ginn, ginn an eisem Lokal vun enger professioneller Spullmaschinn gewäsch an dem Client zréck ginn fir nach eemol ze benotzen oder zréck un de Fournisseur ginn.

De System “Jean Bouteille” garantéiert en héije Niveau un Hygiène, well kee Kontakt tëschent der Fläsch an dem Spender besteet.

D’Fläsche sinn erhältlech an dräi Gréissten: 50 cl, 75 cl an 1 L. D’Clientë kënnen hier benotzte Fläsche zréck ginn a kréie gespullte Fläschen en Retour.

Produits_laitiers_LU

LOKAL A BIO

Prioritär bidde mir Wuere vu lokalen Produzenten un, déi d’Prinzipien vun engem biologeschen Ubau respektéieren. Méi grouss Bio-Produzenten a Grossisten komplettéieren eis Gamme. De Verzicht op Verpakungen an d’Hëllef vun den aktive Memberen am Buttek erlaabt eis biologesch Qualitéitsproduiten fir e liicht reduzéierte Präis unzebidden am Verglach zu den hierkömmlech Präisser um Lëtzebuerger Bio-Marché.

Duerch d’Akafe bei OUNI, kënnt dir net nëmmen ären Offall reduzéieren, mä och eppes Guddes fir är an ärer Famill hier Gesondheet maachen, duerch d’Reduktioun vun den toxesche Substanzen, déi an de net biologesche Wueren an och an de Plastikverpakungen ze fanne sinn

Avantages_LU

GEMEINSCHAFTLECH WÄERTER

OUNI ass eng Cooperative, dat heescht dass se komplett de Membere gehéiert an och vun hinne geréiert gëtt. Aktiv Membere ginn zousätzlech zwou Stonnen am Mount vun hirer Zäit fir bei OUNI auszehëllefen a kréien als Konterpartie 5% Reduktioun op allen Artikelen am Buttek a participéieren un de Workshopen a Seminairë vun OUNI fir den hallwe Präis.

Eist Zil ass et en demokrateschen Entscheedungsprozess ze liewen, deem et all Member erlaabt eng Stëmm an domat och Afloss op de Fonctionnement vun der Cooperative ze huelen. De Prinzip “ee Member, eng Stëmm” gëtt ugewannt. Deemno huet all Member ee Stëmmrecht bei den Entscheedungen, egal wéi vill Parten där Persoun gehéieren.

Desweideren fördere mir eis Gemeinschaft u Memberen a Clientë andeems mer ab 2017 en ëmweltbewosste Velosliwwersystem ubidde wäerten, e Kaffis- an e Spilleck fir Kanner, Konferenzen an DIY Workshope souwéi e gemittlechen Treffpunkt ubidden.