Kalenner

D’Aarbechts-Schichten fir d’Actif Memberen zu OUNI Diddeleng

 

D’Actif Memberen schaffen 2 Stonnen all 4 Wochen

Consultéiert déi gréng Plagen “free shift”

Schéckt en Mail un calendrierouni@gmail.com mat ärem Numm an den gefroten ‘Shift’, am idealen Fall eng 2 Stonnen ‘Shift’.

Z.B.: Stephan Kinsch Méindes 17.3 vun 12h bis 14h.

Är Demande gëtt vun der Equipe an Charge geholl an dir kritt eng Confirmatioun innerhalb deenen nächsten 24 Stonnen.

Dir kennt och en Shift “rekurrent ” ufroen, deen all 4 Woch automatesch erneiert gëtt.

Fir all kuerzfristeg Ufro fir en Shift rufft direkt an d’Geschäft un, op den 281256-40 (OUNI Diddeleng) oder kommt einfach lanescht. Dir sidd ëmmer Wëllkomm fir am Geschäft aushëllefen ze kommen.

Dir braucht keen Google Konto ze kreéieren.

Fir d’Aarbechts Schichten am OUNI Gare, schreift iech iwwert https://calendar.ouni.lu/auth/login

An oder rufft an d’Geschäft un 281256-30.

Formatiounen fir d’Actif Memberen zu OUNI Diddeleng oder OUNI Gare

All aktiven Member muss eng Formatioun matmaachen fir kennen am Geschäft ze schaffen.

Fir bei enger Formatioun kennen matzemaachen, sicht een vun den proposéierten Datumen am Kalenner eraus an schreift en Mail un calendrierouni@gmail.com mat ärem Numm an deem gewënschten Datum an der Auerzäit an eng Preferenz vun der Sprooch.

Är Demande gëtt vun der Equipe gekuckt an dir kritt eng Confirmatioun innerhalb deenen nächsten 24 Stonnen.

Dir braucht keen Google Konto ze kreéieren.

 

Fir weider Froen

calendrierouni@gmail.com

281256-40 OUNI Diddeleng

281256-30 OUNI Gare