Team

Léier d’Grënnungsmembere vun OUNI kennen

caroline

Caroline

Fräiberufflech Iwwersetzerin. Hatt ass d’Sekretärin vum Conseil d’administration a responsabel fir d’Arbechtsgruppen “Ariichtung a Logistik”, “Finanzen” a “Kommunikatioun an Evenementer”. Hatt koordinéiert de Projet OUNI.

anne

Anne

Ass responsabel fir d’Produiten an d’Fournisseuren. Hatt spillt eng grouss Roll an der Zesummenaarbecht mat eise Partner an och dobäi, Decisiounen zum zukünftege Buttek ze huelen.

patricia

Patricia

Conseillère socio-éducative a Formatrice an de Kär dovun, wéi de Projet OUNI ugefaangen huet. Hatt ass d’Presidentin vum Conseil d’administration, ass responsabel fir d’Organisatioun vun den Atelieren a schafft am Aarbechtsgrupp “Kommunikatioun an Evenementer” mat. Zesumme mam Vanessa këmmert hatt sech ëm d’Facebook Säit an ass eis Iwwersetzerin fir de lëtzebuergesche Contenu.

vanessa

Vanessa

Schafft an der Kommunikatioun. Bei OUNI ass hatt responsabel fir den Aarbechtsgrupp “Moosse vum Ëmweltimpakt”. Zesumme mam Patricia këmmert hatt sech ëm d’Facebook Säit an äntwert op d’Messagen.

saskia

Saskia

Schafft als Iwwersetzerin an enger EU Institutioun. Hatt ass responsabel fir den Aarbechtsgrupp “Memberen” an äntwert de neie Memberen, kontrolléiert d’Payementer,mécht d’Mise à jour vun der Memberslëscht, etc.

rebecca

Rebecca

Ass eng Expertin fir nei biologesch an ëmweltfrëndlech Produiten ze fannen an aktiv op der Sich no neie Partnerschaften. Hatt geréiert eisen Twitter an Instagram Konto, a schafft aktiv am Aarbechtsgrupp “Kommunikatioun an Evenementer” mat.

kasia

Kasia

Fräiberufflech Schrëftstellerin a Marketingberoderin. Hatt huet eis Internet Säit kreéiert a schafft aktiv an den Aarbechtsgruppen “Kommunikatioun an Evenementer” an “Internet Site” mat.