Mat oder ouni – Da léiwer OUNI! – Moien.lu
14 Mäerz 2020
Zënter haut de Moien gëtt et een neien Higucker zu Diddeleng: Den OUNI, zweeten verpackungsfräie Bio-Supermarché zu Lëtzebuerg, huet seng Dieren opgemaach. Wéineger ass méi, Qualitéit ass alles, an eng agreabelt Zäit tëscht Client a Mataarbechter steet souwisou un éischter Stell. Ma, datt et sech heibäi net einfach ëm ee weidert Geschäft vu villen handelt, mierkt ee schnell.