Aarbechtsgruppen

Mir hu verschidden Aarbechtsgruppen gegrënnt, deenen eis aktiv Memberen kënnen beitrieden wann se dat wënschen. Déi eenzel Aarbechtsgruppen treffen sech ongeféier ee bis zwee Mol am Mount (jee no Besoin) fir un diverse Schwéierpunkten ze schaffen. Hei d’Beschreiwung:

Memberen

Dësen Aarbechtsgrupp ass en Charge fir déi nei Memberen an d’Cooperative anzeféieren, op hir Froen ze äntweren, de Suivi vun de neien Umellungen ze assuréieren an d’Informatiounen un den Aarbechtsgrupp “Kommunikatioun” weider ze leeden. Och ass dëse Grupp zoustänneg fir de Benevolat vun den aktive Memberen ze organiséieren, fir d’Evenementer ze plangen, déi speziell fir d’Memberen organiséiert ginn an d’Formatiounen fir déi aktiv Memberen ze organiséieren.

Internet Site

Dësen Aarbechtsgrupp ass zoustänneg e “Cahier de Charges” ze redigéieren fir d’Struktur an den Inhalt vum zukünftegen Internet Site ze definéieren. Dësem Grupp kënnt och den Optrag ze deel, Devisen anzehuelen an de Prestataire ze bestëmmen, deen den Internet Site realiséieren soll.

Finanzen

Dësen Aarbechtsgrupp geréiert d’Compatbilitéit vum Projet a sicht no eventuellen Finanzementer. Dëse Grupp ass och zoustänneg Dossieren fir d’Ufro vu Subventiounen a Kandidaturen fir Concoursen auszeschaffen, fir Fongen ze sammelen.

Atelieren

Dëse Grupp ass zoustänneg fir gëeegent Persounen an Organisatiounen ze kontaktéieren, fir Workshopen an der Epicerie unzebidden, wann se hir Dieren opgemaach huet. Dozou gehéiert och e Register opzebauen mat hiren Disponibilitéiten, Tariffer a Konditiounen.

Kommunikatioun

Dësen Aarbechtsgrupp ass zoustänneg fir Diffusioun vun den internen an externen Informatiounen. En ass virun allem en Charge fir d’Präsenz op de sozialen Reseauen, d’Redaktioun vun den Texter fir op den Internet Site, Marketing Evenementer, d’Verschécken vun der Newsletter, Preparatioun vun de Flyeren, d’Relatioun zu de Medien, asw. Déi aktiv Memberen aus dësem Grupp sinn zoustänneg fir Artikelen a Rezepter fir de Blog um Internet Site ze schreiwen a fir een oder méi Videoen ze realiséieren (redigéieren vun Szenarioen, Schauspiller, Montage).

Ariichtung a Logistik

Dëse Grupp këmmert sech ëm d’Ariichtung vum Lokal, ëm den Akaf vu Material an d’Miwwelausstattung. Och a Charge ass dëse Grupp fir eng ekologesch Liwwerungsméiglechkeet ze fannen.

Produiten / Fournisseuren

Dësen Aarbechtsgrupp ass zoustänneg fir d’Selektioun u Produiten, déi an der Epicerie verkaf ginn. Déi Bedeelegt sichen no Produzenten, woubäi déi lokal a biologesch Produzenten bevirdeelegt ginn, si vergläichen d’Präisser an aktualiséieren d’Lëschten vun de Produiten an de Fournisseuren.

Evenementer

Dësen Aarbechtsgrupp ass fir de Planning an d’Organisatioun vun de verschiddenen Evenementer zoustänneg, bei deenen OUNI mat mécht.

Moossen vum Ëmweltimpakt

Dëse Grupp ass zoustänneg de sozialen an den Ëmweltimpakt vum Projet ze moossen.

Hygiene

Dësen Aarbechtsgrupp ass zoustänneg fir déi néideg Informatiounen anzehuelen iwwert d’Vente am Lassenen a Leitlinnen auszeschaffen, déi un d’Personal an déi aktiv Memberen, déi an der Epicerie schaffen, geriicht sinn.